Äerdfunkplaz
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Äerdfunkplaz ass no der Definitioun vun der internationaler Telekummunikatiounsunioun[1] eng Funkplaz, déi entweeder op der Äerd oder zum gréissten Deel an der Äerdatmosphär läit, an déi dozou bestëmmt ass,
- mat enger oder méi Weltraumfunkplazen oder
- mat enger oder méi Funkplazen vun der selwechter Aart iwwer een oder méi Satellitten déi reflektéieren oder aner Weltraumkierper
de Radioverkéier ofzewéckelen.
Normalerweis hunn Äerdfunkplaze Parabolantenne fir den Empfank vu Radiowelle respektiv d'(Funk-)Ausstralung vu Radiowellen iwwer Satellite-Fudderverbindungen (engl. feeder links) an definéierte Radiofrequenzberäicher, déi dem betreffende Radiodéngscht zougewise sinn an an deenen d'Äerdfunkplaz op d'mannst eng Funkfrequenz vun der zoustänneger Frequenzverwaltung krut. Déi Antennen hu grouss Antennegewënner, sinn am Azimutwénkel an am Elevatiounswénkel fräi beweegbar, ginn exakt op e geostationäre Satellit ausgeriicht, kënnen awer och der Äerdëmlafbunn vu Satellitten nofollegen.