15. Arrondissement vu Paräis
ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis / From Wikipedia, the free encyclopedia
De 15. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de Vaugirard ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. Et läit um lénksen Uwänner vun der Seine, am Südweste vun der Stad, an ass 1860 entstanen, nodeems d'Stad op Grond vun engem Gesetz vum 16. Juni 1859 nei opgedeelt gouf an d'Gemenge Vaugirard a Grenelle an d'Stad Paräis integréiert goufen.
Séier Fakten Quartieren, Buergermeeschter ...
Quartieren |
Saint-Lambert, Necker, Grenelle, Javel |
---|---|
Buergermeeschter | Philippe Goujon |
Awunner | 227.746 |
Fläch | 8,50 km² |
Postcode | 75015 |
INSEE-Code | 75115 |
Koordinaten | 48°50'28,78"N, 2°18'1,05"O |
Zoumaachen
Den Arrondissement war bis an d'1970er-Joren e Aarbechterquartier an ass haut eng Wunngéigend vun der mëttlerer an héijer Biergerschicht, well e fir Paräisser Verhältnesser relativ roueg geleeën ass; nëmmen am Süden a Südwesten, am Quartier Javel gëtt et vill Sozialwunnengen.