18. Arrondissement vu Paräis
ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 18. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de la Buttes-Montmartre ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. E begräift all kéier en Deel vun de fréiere Gemenge Montmartre a La Chapelle a vum Duerf Clignancourt, déi den 1. Januar 1860 an d'Stad Paräis integréiert goufen.
Séier Fakten Quartieren, Buergermeeschter ...
Quartieren |
Grandes-Carrières, Clignancourt, Goutte d’Or, La Chapelle |
---|---|
Buergermeeschter | Éric Lejoindre |
Awunner | 188.446 |
Fläch | 6,01 km² |
Postcode | 75018 |
INSEE-Code | 75118 |
Koordinaten | 48°53'31,74"N, 2°20'40,01"O |
Zoumaachen
Den Arrondissement gëtt markéiert duerch den Hiwwel Montmartre an am Osten duerch grouss Gleisanlagen déi déi verschidden Zuchstrecke südlech un d'Gare de l'Est an d'Gare du Nord am 10. Arrondissement uschléissen. D'Eisebunn trennt de Quartier La Chapelle vum Rescht vum Arrondissement. Dominant ass eng iwwer zwee Kilometer laang Bréck vun der Metroslinn 2 mat véier Statiounen, déi zanter 1903 iwwer déi genannt Gleise féiert.