Dës Säit befaasst sech mam Joer 796.

Evenementer

  • De Pippin (Jong vum Karel dem Groussen) klappt d'Awaren tëscht Donau an Theiss an eruewert hir Haaptbuerg („Ring“). Hie grënnt d'Awaremark (zanter zirka 567 Awareräich). D'Gebitt ëstlech vun der Theiss fält un d'Räich vun de Bulgaren.
  • Eng Bëschofskonferenz leet als Grenzlinn fir d'Diözese vu Salzburg an Aquileia am Gebitt vun de Sloweenen déi d'Franken am Laf vun den Awarefeldzich ënnerworf hunn, d'Drau fest.
  • Nei Opstänn vun de Sachse géint d'fränkesch Friemherrschaft.
  • Den Alkuin verléisst den Haff vum Karel de Groussen a gëtt Abt vu Saint-Martin de Tours.
  • Kent notzt den Doud vum Kinnek Offa vu Mercien aus, fir mam Eadbert III. Praen en eegestännege Kinnek ze proklaméieren. Hien herrscht allerdéngs nëmmen zwee Joer éier Mercien d'Kontroll iwwer Kent nees zeréckgewënnt, an den Eadbert ofsetzt.
  • A Mercie gëtt de Coenwulf Nofollger vum Kinnek Offa, den Ecgfrith gëtt Matherrscher.
  • Nom Doud vum Aethelred I. gëtt als éischten den Osbald säin Nofollger um Troun vun Northumbria, mä dëse gëtt nach am selwechte Joer vum Eardwulf ofgeléist.
  • Den Eanbald II. gëtt neien Äerzbëschof vu York als Nofollger vum Eanbald I.
  • Den Al-Hakam I. gëtt Emir vu Córdoba. Hien ass den Nofollger vu sengem Papp Hischam I.. D'Trounrivale Sulayman an Abdallah gi mat enger Deelherrschaft am Oste vu Spuenien offonnt.
  • A Syrien kënnt et zu enger (erfollegloser) Erhiewung géint d'Herrschaft vun den Abbasiden.
  • Bronschofen, Jonschwil an Themar gi fir d'éischt urkundlech ernimmt.

Konscht a Kultur

Wëssenschaft an Technik

Gebuer

Gestuerwen

  • 26. Juli: Offa, Kinnek vu Mercien.
  • Eanbald I., Äerzbëschof vu York.
  • Hischam I., Emir vu Córdoba.

Um Spaweck

Commons: 796 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.