From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Académie française ass eng franséisch Institutioun fir d'Norméierung an d'Verbesserung vun der franséischer Sprooch. Eng vun de Missioune vun der Académie française ass d'Editioun vun engem permanent reaktualiséierten Dictionnaire vun der franséischer Sprooch. Mä si huet och Aufgaben an de Beräicher Grammaire, Rhetorik a Poetik. D'Académie française vergëtt eng ganz Rei vu Literaturpräisser, ë. a. de bekannte Grand prix du roman de l'Académie française.
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Si gouf 1635 vum Armand Jean du Plessis, Kardinol de Richelieu (1585-1642) ënner dem Kinnek Louis XIII. gegrënnt. D'Académie besteet aus 40 Memberen, de sougenannten Immortels ("Onstierflechen"). 1980 ass mat der Schrëftstellerin Marguerite Yourcenar fir d'éischt Kéier eng Fra "ënner der Coupole", d. h. an d'Académie française opgeholl ginn.
D'Académie française gehéiert mëttlerweil, mat 4 aneren Académieën (Inscriptions et belles-lettres, Sciences, Beaux-Arts a Sciences morales et politiques), zum Institut de France, deen den 3. Brumaire, Joer IV vun der Republik, duerch d'Konventioun geschaf gouf.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.