Algorithmus
prezis Beschreiwung vun enger Prozedur zur Léisung vun engem Problem / From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner engem Algorithmus versteet een eng prezis Beschreiwung vun enger endlecher Prozedur zur Léisung vun engem Problem.
![]() |
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Am dagdeegleche Liewe loosse sech liicht Beispiller fir Algorithme fannen: Zum Beispill ass e Kachrezept een Algorithmus, wann d'Rezept ausféierlech genuch beschriwwen ass.
Algorithme loosse sech duerch Pseudocode, Flossdiagrammen oder Struktogrammen duerstellen.
De Begrëff Algorithmus geet zeréck op den arabesche Mathematiker Mohammed ibn Musa abu Djafar al Khowarizmi (zirka 783-850) a säi Buch: Kitab al muhtasar fi hisab al gebr we al muqabala.