Algriichesch Grammaire
From Wikipedia, the free encyclopedia
An der Algriichescher Sprooch ginn d'Wierder, wéi am Laténgeschen, staark flektéiert a konjugéiert. Se huet och ganz vill Elementer aus den Indogermanesche wéi zum Beispill den Aorist, den Augment, d'Zweezuel oder d'Reduplikatioun am Perfekt. D'Deklinatioun, déi bal d'selwecht ass wéi am laténgeschen, besteet aus fënnef Fäll. Dogéint ass den algriichesche Verbesystem ganz anescht opgebaut. Et gëtt keng Zäiten, mä Aspekter, wéi a ville slawesche Sproochen. Ausserdeem gëtt et nieft dem Aktiv a Passiv nach e Medium. Am Algriichesche gëtt et och vill Onreegelméissegkeeten, wat ënner anerem doru läit, datt et vill verschidden Dialekter gouf. An dësem Artikel gëtt nëmme Grammaire vum Atteschen Dialekt behandelt, well dee sech an der Literatur am beschten duerchgesat huet.
![]() |
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |