philosophesch a politesch Léier From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Anarchismus ass eng philosophesch a politesch Léier, respektiv och eng Beweegung, déi all Aart vun Hierarchie als Form vun der Ënnerdréckung vun individueller a kollektiver Fräiheet refuséiert. D'Zil ass fir eng Gesellschaft ouni Dominatioun, mee duerch Solidaritéit, Toleranz an Zesummenaarbecht z'entwéckelen.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
An der Praxis gëtt et verschidden Zorten oder Stréimunge vun Anarchismus (individualiteschen Anarchismus, kollektivisteschen Anarchismus, asw.). Wéi och ëmmer, déi politesch Theorie ass an der Haaptsaach eng Utopie bliwwen, well an der Gesellschaft méi staark oder méi schlau Mënschen ëmmer nees versichen, aneren hire Wëllen opzezwéngen, sou datt de facto rëm eng Hierarchie entsteet.
Als "Anarchiste" ginn och Aktiviste wéi de Ravachol, de Caserio, oder Bande wéi d'Bande à Bonnot bezeechent, déi sech eventuell un eenzelen Aspekter vun enger anarchistescher Theorie orientéieren, déi awer an der Haaptsaach nëmme mat spektakulären Handlungen oder Attentater angeblech nei Verhältnesser wëlle schafen, respektiv d'Gesellschaft wëlle gesond bommen. Dat sinn awer keng Idealisten, déi eng méi gerecht a solidaresch Gesellschaft wënschen, mä Nihilisten, respektiv Chaoten oder souguer Terroristen, déi hir Aktivitéiten dacks just mat Iwwerfäll an Abréch finanzéieren.
Commons: Anarchismus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.