Andrzej Żuławski
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Andrzej Żuławski, gebuer den 22. November 1940 zu Lwów a gestuerwen de 17. Februar 2016 zu Warschau, war e polnesche Filmregisseur, Auteur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Andrzej Żuławski | |
---|---|
Gebuer |
22. November 1940 Lwiw |
Gestuerwen |
17. Februar 2016 Warschau |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Polen, Frankräich |
Educatioun |
Institut des hautes études cinématographiques, Faculté des lettres de Paris |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Journalist |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Sophie Marceau |
Zoumaachen
Den Żuławski war de Jong vum polnesche Schrëftsteller an Diplomat Mirosław Żuławski. Hien ass zu Paräis op d'Uni gaangen a war och op der Filmhéichschoul IDHEC. No éischte Filmer a Polen huet hien duerno haaptsächlech a Frankräich Filmer gemaach. Bekannt Filmer vun him si L'important, c'est d'aimer (1975) mam Romy Schneider a Klaus Kinski souwéi Mes nuits sont plus belles que vos jours (1988) mam Jacques Dutronc a Sophie Marceau. Mat der Sophie Marceau (déi 25 Joer méi jonk ass) war hien eng 20 Joer zesummen, si hunn zesummen ee Jong.