Anheuser-Busch InBev
From Wikipedia, the free encyclopedia
Anheuser-Busch InBev ass nom Volume déi gréisst Brauereiskette vun der Welt.
D'Entreprise gouf 2004 duerch d'Fusioun vun der belscher Interbrew an der brasilianescher AmBev gegrënnt. No der Fusioun vun deenen zwéi Béierproduzenten, krut se den Numm InBev.
Den 12. Juni 2008 huet InBev annoncéiert datt se eng Offer vu 46 Milliarden Dollar gemaach huet fir Anheuser-Busch, déi gréisst Brauerei an den USA, opzekafen. Nodeem déi Offer op 52 Milliarden eropgeschrauft gouf, huet de Verwaltungsrot vun Anheuser-Busch se den 13. Juli 2008 ugeholl. Duerno gouf den Numm an Anheuser-Busch InBev geännert.
De Sëtz vun der Firma ass zu Léiwen an der Belsch, an den CEO ass de Carlos Brito.