From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Anne vu Béimen (oder vu Lëtzebuerg) LG, gebuer den 11. Mee 1366 zu Prag a gestuerwen de 7. Juni 1394 zu Sheen (haute en Deel vu London), war déi éischt Fra vum Kinnek Richard II. vun England. Aus dem Bestietnes gouf et keng Kanner.
Anne vu Béimen | |
---|---|
Gebuer |
11. Mee 1366 jul. Prag |
Gestuerwen | 7. Juni 1394 jul. |
Doudesursaach | Pescht |
Nationalitéit | Kinnekräich Béimen |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Bestuet mat | Richard II. vun England |
Papp | Karel I. vu Lëtzebuerg |
Mamm | Elisabeth vu Pommern |
Geschwëster | Wenzel II. vu Lëtzebuerg, Sigismund vu Lëtzebuerg, Johann vu Görlitz |
D'Anne war déi eelst Duechter vum réimisch-däitsche Keeser Karl IV. mat senger véierter Fra, der Elisabeth vu Pommern, d'Schwëster vum spéidere Keeser Sigismund an d'Hallefschwëster vum Kinnek Wenzel vu Béimen.
Den 20. Januar 1382 huet si an der Westminster Abbey den englesche Kinnek Richard II. bestuet. Si hat 16, hie 15 Joer. Hiert Bestietnes gëtt vun alle Biographen als e glécklecht beschriwwen. Wéi d'Anne un der Pescht gestuerwen ass, gouf de Richard "wëll vun Trauer" an huet d'Residenz zu Sheen, an där se gestuerwen ass, ofrappe gelooss.
Commons: Anne of Bohemia, Queen of England – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.