![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/75/Marcharmenians.jpg/640px-Marcharmenians.jpg&w=640&q=50)
Armeenesche Vëlkermuerd
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den armeenesche Vëlkermuerd geschouch wärend dem Éischte Weltkrich vun Abrëll 1915 bis Juli 1916,[1] ënner der Verantwortung an Organisatioun vun der jongtierkescher Regierung vum Osmanesche Räich.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/75/Marcharmenians.jpg/640px-Marcharmenians.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/db/Voelkermord_an_den_Armeniern.png/640px-Voelkermord_an_den_Armeniern.png)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/45/Ambassador_Morgenthau%27s_Story_p435b.jpg/640px-Ambassador_Morgenthau%27s_Story_p435b.jpg)
Zwee Drëttel[2] vun den Armeenier déi um Gebitt vun der haiteger Tierkei gelieft hunn, geschaten 1 - 1,5 Milliounen,[3] goufen Affer vu systematescher Exterminatioun, duerch reegelrecht Massakeren,[4] Zwangsaarbecht, an Doudesmärsch ouni Iessen a Gedrénks an d'Syresch Wüst.[5],[6]
Et ass ee vun den éischte moderne Genoziden. D'Ereegnesser, déi vun den Armeenier selwer mam Begrëff Aghet – "Katastroph" bezeechent ginn, sinn duerch ëmfangräicht dokumentarescht Material aus den ënnerschiddlechste Quelle beluecht.[7] Weltwäit erkennen déi meescht Historiker dëse Vëlkermuerd als Tatsaach un,[8] 21 Staate grad wéi d'Europaparlament schwätze kloer vun engem Genozid, Lëtzebuerg huet sech eréischt am Mee 2015 dozou prononcéiert. D'Armeenier gesinn doran en Onrecht dat ni versicht gouf nees guttzemaachen, a si fuerderen zanter Joerzéngten en ugemoosst Gedenken och an der Tierkei. Dogéint bestreiden déi offiziell tierkesch Geschichtsschreiwung an d'Regierung vun der aus dem Osmanesche Räich ervirgaangener Republik Tierkei, datt et iwwerhaapt e Vëlkermuerd gouf. De Sträit ëm d'Unerkennung vum Genozid als historesch Tatsaach (vu Reparatioune guer net ze schwätzen) belaascht bis haut d'Bezéiungen tëscht der Tierkei engersäits, an Armenien souwéi sëllege westleche Staaten anerersäits.[9]
De 6. Mee 2015 huet d'Lëtzebuerger Chamber an der Unanimitéit eng Resolutioun gestëmmt, wou ausdrécklech de Genozid um armeenesche Vollek unerkannt gëtt.[10]