Arrondissement Huy
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Arrondissement Huy ass eent vun de véier Arrondissementer an der belscher Provënz Léck. D'Arrondissement huet eng Fläch vu 659,36 km² an et hat um 1. Januar 2006, 103.972 Awunner.
Méi Informatiounen Kaart vum Arrondissement Huy ...
Arrondissement Huy | |
---|---|
Regioun | Wallounien |
Provënz | Léck |
Fläch | 659,36 (km²) |
Awunner | 103.972 (2006) |
Gemengen | 17 |
Sektiounen | 71 |
Zoumaachen
D'Arrondissement ass och e Geriichtsbezierk.
Zum Geriichtsbezierk Huy gehéieren och nach d'Gemenge Braives, Hannut, Lincent, Saint-Georges-sur-Meuse a Wasseiges aus dem Arrondissement Waremme an d'Gemeng Comblain-au-Pont aus dem Arrondissement Léck.