Arrondissement Léck
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Arrondissement Léck ass eent vun de véier Arrondissementer an der belscher Provënz Léck. D'Arrondissement huet eng Fläch vu 796,87 km² an et hat um 1. Januar 2006, 590.972 Awunner.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem haitege belschen Arrondissement an der Provënz Léck. Fir dat fréiert franséischt Arrondissement am Departement Ourthe, kuckt wgl. Arrondissement Léck (F). |
Méi Informatiounen Kaart vum Arrondissement Léck ...
Arrondissement Léck | |
---|---|
Regioun | Wallounien |
Provënz | Léck |
Fläch | 796,87 (km²) |
Awunner | 590.972 (2006) |
Gemengen | 24 |
Sektiounen | 119 |
Zoumaachen
D'Arrondissement ass och e Geriichtsbezierk.
Zum Geriichtsbezierk Léck gehéieren och nach d'Gemenge Berloz, Crisnée, Donceel, Faimes, Fexhe-le-Haut-Clocher, Geer, Oreye, Remicourt, aus dem Arrondissement Waremme. D'Gemeng Comblain-au-Pont par Konter gehéiert zum Geriichtsbezierk Huy.