From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sir Arthur Charles Clarke, gebuer de 16. Dezember 1917 zu Minehead, engem Stiedchen an der Grofschaft Somerset, a gestuerwen den 19. Mäerz 2008 zu Colombo der Haaptstad vu Sri Lanka, war en englesche Schrëftsteller.
Arthur C. Clarke | |
---|---|
Gebuertsnumm | Arthur Charles Clarke |
Pseudonym | Charles Willis, E.G. O'Brien |
Gebuer | 16. Dezember 1917 |
Gestuerwen |
19. Mäerz 2008 Colombo |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | King’s College London |
Aktivitéit | Erfinder, Dréibuchauteur, Romancier, Science-Fiction-Schrëftsteller, Explorateur, Schrëftsteller, Physiker, Saachbuchauteur |
De Clarke ass ee vun de groussen Auteure vun der Science-Fiction-Literatur.
Den Arthur war dat eelst vu véier Kanner vum Charles Wright Clarke a senger Fra, der Mary Nora Willis.
Hien hat eng Dauchschoul.
1951 koum an der Anthologie "10 Story Fantasy" dem Clarke seng Kuerzgeschicht "The Sentinel" ënner dem Titel "Sentinel of Eternity" eraus. Et war u sech eng einfach Geschicht iwwer en Artefakt, deen op der Spëtz vun engem Bierg um Äerdmound fonnt gouf, a bei deem et sech eraustellt, datt e vun héichentwéckelten Aliens, Millioune vu Joer virdru geschaf gouf. Déi Geschicht war den Ausgankspunkt fir d'Dréibuch vum Film 2001: A Space Odyssey, dat de Clarke zesumme mam Stanley Kubrick geschriwwen huet.
Eréischt nodeem de Film fäerdeg war, huet de Clarke eleng e Roman geschriwwen, dee sech op dat Dréibuch stäipt.
Commons: Arthur C. Clarke – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.