From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Assurance oder Versécherung ass eng Operatioun, déi um Prinzip vum Iwwerhuele vun engem Risiko berout. Dofir gëtt e Geldbetrag, dat heescht eng Primm, bezuelt, déi an en Dëppe fléisst. Aus dësem Dëppen, dat vun enger Assurance-Gesellschaft oder engem Assurance-Organ verwalt gëtt, ginn déi Verséchert bezuelt, wann de Risikofall antrëtt. Viraussetzung ass datt d'Antriede vum Risikofall an de Betrag, dee fälleg gëtt, no versécherungsmathemateschen a statistesche Methode bestëmmt ka ginn.
Eng Versécherung baséiert op engem gedréckte Kontrakt, och Police genannt, dee tëscht de zwou Parteien, dem Versécherten (Assuré) an dem Versécherer (Assureur), ofgeschloss ass. Hien enthält d'Klausele mat de Konditiounen ënner deenen eng Versécherung zur Auswierkung kënnt. Ënnerscheet gëtt:
E Versécherungskontrakt kann an der Zäit begrenzt sinn, oder erneierbar sinn (automatesch, wann net schrëftlech gekënnegt gëtt oder op ausdrécklechen Accord vun de zwou Parteien).
Wat d'Deckung vun de Risike betrëfft, sou gëtt et zwou Methoden:
Et gëtt dräi grouss Kategorië vu Versécherungen:
Hei handelt et sech haaptsächlech ëm d'Liewensversécherung, déi entweeder
Eng Liewensversécherung gesäit als Géigeleeschtung vum Assuré entweeder d'Abezuele vun engem
Bei der Fällegkeet bezuelt d'Assurance, jee no deem wat ausgemaach gouf, entwedwer e feste Kapital un de Versécherten oder un déi vun him bestëmmte Persounen aus, oder si bezuelt him eng Rent, meeschtens op monatlecher Grondlag. Am leschte Fall handelt et sech ëm eng typesch Renteversécherung. Schliisslech gëtt et Assurancen, déi op ee Kapp oder op méi wéi ee Kapp ofgeschloss ginn.
Dat heescht, datt d'Berechnung vun enger Liewensversécherung an de noutwennege Réckstellungen net einfach ass an eng besonnesch Schoulung vun engem spezialiséierte Versécherungsmathematiker, dem Aktuär, wéi e genannt gëtt, erfuerdert.
D'Versécherung vu Saachen oder assurance de choses besteet doran, fir de Schued ofzedecken, deen entsteet, wann en Objet geholl oder zerstéiert gëtt. D'Assurance géint Déifstall (assurance-vol) an d'Féierversécherung (assurance-incendie) sinn typesch Saachversécherungen.
Bei de Saachversécherungen heescht et oppassen, datt een net ënner- oder iwwerverséchert ass. Am Fall vun enger Ënnerversécherung applizéiert d'Gesellschaftt déi sougenannt proportionell Reegel; dat bedeit, dat se net de volle Wäert rembourséiert, mä nëmmen de Wäert deen am Verhältnes zur versécherter Valeur steet. Bei enger Iwwerversécherung gëtt héchstens den tatsächleche Wäert als Grondlag fir d'Berechnung vum Schued geholl, well et verbueden ass, iwwer d'Versécherung vun enger Saach e Benefice ze maachen. Et gëtt allerdéngs Ausnamen. Bei Tableauen z. B. kann ee vum Assureur de Wäert agreéiere loossen. Am Schuedfall rembourséiert d'Assurance dann den agreéierte Wäert.
Eng Haftplichtversécherung ënnerscheet sech vun enger Saachversëcherung doduerch, datt se e Schued ofdeckt, deen op der Passivsäit vun der Bilanz zum Virschäi kënnt an dee sech aus der gesetzlecher Obligatioun ergëtt, a verschiddenen, am Gesetz festgeluechte Fäll ze haften (Artikelen 1382-1386 vum Code civil). D'Autoshaftpflicht, d'Familljenhaftpflicht sinn hei typesch Fäll. E Spezialfall ass allerdéngs eng Casco, souwäit se nieft der gewéinlecher Haftbarkeet vum Proprietär vum Won och den eegene Schued um Gefier, fir dee keng Drëttpersoun haftbar gemaach ka ginn, ofdeckt. D'Haftpflichten decken net automatesch de volle Schued of. Limitte kënne festgeluecht ginn oder Franchise stipuléiert ginn (Eng Franchise ass eng ënnescht Grenz vum Schued, déi iwwerschratt muss sinn, fir datt den Assureur de Schued bezilt).
Ënnerscheet gëtt och tëscht obligatoreschen an net obligatoresche Versécherungen.
Et gëtt verschidde Versécherungsorganen:
Bis 1991 gouf et zu Lëtzebuerg - op d'mannst offiziell - keng Courtieren. Well awer eng international Assurance-Plaz, wéi Lëtzebuerg eng wëllt sinn, ouni Courtieren net denkbar ass, gouf duerch d'Gesetz vum 6. Dezember 1991 iwwer den Assurance-Secteur och d'Viraussetzung fir d'Zouloosse vu Courtieren zu Lëtzebuerg geschaf.
Zu Lëtzebuerg gouf et vun de Joren nom Zweete Weltkrich un Usätz zur Entwécklung vun enger internationaler Versécherungsaktivitéit. Wéi dunn d'Europäesch Kommissioun Dispositioune geholl huet, fir den Déngschtleeschtungsverkéier an Europa iwwer d'Grenzen ewech ze liberaliséieren, sinn déi nei Méiglechkeete vun der Finanzplaz Lëtzebuerg och am Assurancesecteur konsequent ausgenotzt ginn.
Commons: Insurance – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.