From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Autobunn A6, och Areler Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Capellen. Als Iwwergank vun der A1 fänkt se um Gaasperecher Kräiz am Süde vun der Stad Lëtzebuerg un a leeft dann a Richtung Weste bis op d'belsch Grenz an der Gemeng Stengefort, wou s'un déi belsch Autobunn A4 ugeschloss ass.
A6 - Areler Autobunn | |||
Zeechen | N° | Verdeeler | km |
A3 Gaasperecher Kräiz | 0,000 | ||
A4 Zéissenger Kräiz | 2,999 | ||
5 | Helfenter Bréck | 5,212 | |
4 | Stroossen | 6,794 | |
3 | Briddel | 8,874 | |
2 | Mamer | 13,231 | |
Aire de Capellen | 16,025 | ||
1 | Wandhaff | 17,176 | |
Belsch Grenz - A4 | 20,794 |
Et gëtt 5 Autobunnsausfaarten/-opfaarten, 2 Autobunnnskräizer an eng Plaz fir ze raschte mat Bensinsstatioun (Aire de Capellen). Den Tracé vun der A6 leeft méi oder manner parallel mat der N6.
D'A6 ass tëscht 1976 an 1982 a Betrib geholl ginn a s'ass op hirer ganzer Längt en Deel vun der E25.
Se huet eng Längt vun 20,8 km.
Commons: Autobunn A6 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.