Ball
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Ball ass e Spillgezei a Form vun enger Kugel, dat bannendran huel ass (oder aus liichtem Material ass), a mat deem geworf (mat der Hand oder enger Rackett) oder geschoss gëtt, z. B. mam Fouss.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/0c/Fussball.jpg/200px-Fussball.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/24/Handball_the_ball.jpg/640px-Handball_the_ball.jpg)
Et gëtt eng sëllege Sportaarten, wou géigneresch Ekippe probéiere mussen, e Ball op eng bestëmmt Plaz ze manövréieren (e Gol oder e Kuerf) oder awer de Ball sou ze schéissen, datt de Géigner en net kritt.
Zu deenen éischte kann ee Foussball, Handball, Basketball a Waasserball zielen, zu deene Leschtgenannte Volleyball, Tennis, Dëschtennis a Squash.
Jee no Sportaart ass de Ball verschidde grouss a schwéier.
Eng Ausnam vun der Kugelform ass de Rugbyball.