däitsche Schrëftsteller a Regisseur From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bertolt Brecht, och nach Bert Brecht, gebuer den 10. Februar 1898 zu Augsburg als Eugen Berthold Friedrich Brecht, a gestuerwen de 14. August 1956 zu Berlin, war en däitsche Schrëftsteller a Regisseur.
Bertolt Brecht | |
---|---|
Gebuertsnumm | Eugen Berthold Friedrich Brecht |
Pseudonym | Bertolt Brecht, Berthold Larsen |
Gebuer |
10. Februar 1898 Augsburg |
Gestuerwen |
14. August 1956 Ost-Berlin |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Däitscht Keeserräich, DDR, Weimarer Republik, Éisträich |
Educatioun | Universitéit vu München |
Aktivitéit | Dramatiker, Liddertexter, Dréibuchauteur, Theaterregisseur, Dichter, Librettist, Literaturkritiker, Schrëftsteller, Filmregisseur, Regisseur |
Member vun | Akademie der Künste Berlin, Akademie der Künste der DDR |
Famill | |
Bestuet mat | Marianne Zoff, Helene Weigel |
Dem Bertolt Brecht säi Studium vun den Naturwëssenschaften, der Medezin a virun allem der Literatur gouf 1918 duerch säin Déngscht als Sanitäter an engem Lazarett ënnerbrach. Wärend där Zäit gouf de Bertolt Brecht e fervente Krichsgéigner.
1918 huet de Bertolt Brecht säin éischt Wierk Baal, een anarchistescht-nihilistescht an expressionistescht Drama, geschriwwen.
1922 gouf Baal zu München, wou de Bertolt Brecht als Dramaturg geschafft huet, fir d'éischt gespillt. Mat dësem Stéck huet de Bertolt Brecht seng Renommée als Dramaturg kritt.
1924 bis 1926 huet de Bertolt Brecht als Dramaturg zu Berlin geschafft an de Marxismus intensiv studéiert.
1933 ass de Bertolt Brecht, deen an der Tëschenzäit en iwwerzeegte Sozialist gi war, zesumme mat senger Fra Helene Weigel aus Däitschland geflücht, an no Tëschestatiounen (ënner anerem zu Moskau (1935-1939)), 1941 an den USA ukomm.
Nom Zweete Weltkrich ass de Brecht, dem déi Alliéiert d'Arees an d'Westzone verweigert hunn op Ost-Berlin geplënnert.
1949 huet de Bertolt Brecht zesumme mat senger Fra de Berliner Ensemble gegrënnt. Dëse war eng wichteg Experimentéierbün an Europa.
D'Resignatioun am Bertolt Brecht senge Wierker déi nom Bau vun der Berliner Mauer entstane sinn ass onverkennbar.
ausgewielt Gedichter a Lidder:
Commons: Bertolt Brecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.