Bidhya Devi Bhandari
nepaleesesch Politikerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Bidhya Devi Bhandari (Nepaleesesch: विद्या देवी भण्डारी), gebuer den 19. Juni 1961 zu Guranse, VDC Mane Bhanjyang, am Distrikt Bhojpur, ass eng nepaleesesch Politikerin vun der kommunistescher Partei vum Nepal (KPN).
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Zoumaachen
Si gouf den 28. Oktober 2015 vum Parlament, als éischt Fra an där Funktioun, als Staatspresidentin gewielt an den Dag drop vereedegt. Den 13. Mäerz 2018 gouf si erëmgewielt.
Virdru war si Presidentin vun der KPN an Deputéiert am Parlament. Ënner dem Premierminister Madhav Kumar Nepal war si Verdeedegungsministesch. D'Bidhya Devi Bhandari ass d'Wittfra vum Madan Kumar Bhandari.