Biergerkrich
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Biergerkrich ass e bewaffente Konflikt um Gebitt vun engem eenzege Staat tëscht Gruppen aus dem eegene Land, och wa sech heefeg auslännesch Muechten amëschen.
D'Ausernanersetzunge kommen entweeder tëscht der Regierung an enger oder méi organiséierte Gruppe un Opstänneschen zustan (Rebellen, Guerilla), oder dës Gruppe bekämpfe sech géigesäiteg. D'Grënn heifir kënne vu politescher, nationaler, reliéiser oder och sozialer Natur sinn. A verschiddene Fäll war d'Zil vun den Opstänneschen, d'Muecht am Land u sech ze rappen, oder awer och d'Autonomie fir en Deel vum Gebitt z'erreechen. E Biergerkrich hëlt heefeg d'Form vun engem ongereegelte Krich un, deen ouni Rücksicht op vëlkerrechtlech Reegele gefouert gëtt.
Heefeg Ursaache fir Biergerkricher sinn e gewaltsame Regierungswiessel, wéi z. B. nodeem en Diktator gestierzt gouf, Putschversich oder Revolutiounen an Autonomie- respektiv Sezessiounswënsch vun ethneschen oder nationale Minoritéiten.
D'Gefor vun engem Atomkrich, déi zanter dem Zweete Weltkrich entstanen ass, an d'Verbuet vun der Gewalt bei tëschestaatleche Bezéiunge vun de Vereenten Natiounen huet d'Groussmuechten dacks dozou bruecht, Biergerkrichsparteien z'ënnerstëtzen, fir sou hir eege Positioun ze verstäerken. D'Zuel vun de Biergerkricher ass weltwäit an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert an d'Luucht gaangen, an de Biergerkrich gouf zu engem Ersatz fir den tëschestaatleche Krich.