![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fd/Blfl-tounmfang.png/640px-Blfl-tounmfang.png&w=640&q=50)
Blockflütt
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Blockflütt ass e Museksinstrument aus der Famill vun den Aerophonen, méi genee en Holzblosinstrument.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/66/Mondsteck.png/320px-Mondsteck.png)
Méi Informatiounen Klassifikatioun, Tounëmfank ...
Blockflütt | |
---|---|
Klassifikatioun | Aerophon Holzblosinstrument |
Tounëmfank | ![]() |
Änlech Instrumenter | Piccoloflütt |
Museker | |
Marion Michels Kategorie:Flüttisten |
Zoumaachen
D'Blockflütt besteet aus Holz, hautdesdaags och alt aus Plastik. Den Numm kënnt vum Stéck Holz (Block oder Kär genannt) dat am Mondstéck d'Loft op de Labium hi kanaliséiert wou dann den Toun entsteet. D'Tounhéicht hänkt, nieft der Gréisst vum Instrument, vun der Zuel an der Kombinatioun vun de Grëfflächer, déi mat de Fangere vum Spiller zougehal ginn an och vun der Intensitéit vum Loftstroum of.