Bréisseler Metro
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bréisseler Metro ass en ëffentlecht Transportmëttel an der Haaptstadregioun Bréissel, dat vun der Société des transports intercommunaux de Bruxelles (STIB) bedriwwer gëtt. Dëse Metrosystem besteet aktuell aus 4 Linnen, déi op 40 km Schinne fueren, dovu 37,5 km ënnerierdesch.
Den Bréisseler Metro fiert zënter 1976. De Prinzip beim Plangen a Baue bestoung doran, de Bréisseler Tram, dee wäit developpéiert ass, kontinuéierlech an Tunnellen ze verleeën an duerch de Metro z'ersetzen. Well den urspréngleche Projet sech als ze vill ambitiéis erausgestallt huet, gouf d'Metroslinn Grande Ceinture ni fäerdeg. Well d'Aarbechten awer scho ugefaangen haten, fuere verschidden Tramsstrecken duerch d'Metrostunnelen. Déi ginn an deem Kontext Premetro genannt.
2020 gouf de Bréisseler Metro 163 Millioune Mol benotzt.[1]