From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bundeskanzler ass de Regierungschef vun der Republik Éisträich. De Bundeskanzler, de Vizekanzler an d'Bundesministere bilden zesummen déi éisträichesch Bundesregierung.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bundeskanzler vun Éisträich. Fir aner Funktioune mat deem Titel, kuckt wgl. Bundeskanzler. |
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Gebai vum Bundeskanzleramt zu Wien (2021). |
De Bundeskanzler huet de Virsëtz a leet d'Geschäfter vun der Bundesregierung an hie koordinéiert a vertrëtt als Regierungschef d'Aarbecht vun der Regierung géintiwwer dem Parlament an der Ëffentlechkeet.
De Bundeskanzler gëtt fir eng onbefrist Amtszäit vum Bundespresident ernannt, deen de jure d'fräi Wiel huet fir eng Persoun als Kanzler z'ernennen, de facto awer op d'Majoritéit am Nationalrot Rücksicht hëlt.
De Sëtz vum Bundeskanzler ass am Bundeskanzleramt um Ballhausplatz zu Wien, vis-à-vis vun der Hofburg an där ë. a. och Presidentschaftskanzlei ass.
Zanter dem 6. Dezember 2021 ass de Karl Nehammer Bundeskanzler vun Éisträich.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.