Camille Claudel
franséisch Sculptrice a Molerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Camille Anastasia Kendall Maria Nicola Claudel, gebuer den 8. Dezember 1864 zu Fère-en-Tardenois am Departement Aisne a gestuerwen den 19. Oktober 1943 zu Montdevergues am Departement Vaucluse, war eng franséisch Sculptrice a Molerin.
Camille Claudel | |
---|---|
Portrait, virun 1883 | |
Gebuer |
8. Dezember 1864 Fère-en-Tardenois |
Gestuerwen |
19. Oktober 1943 Montfavet |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Académie Colarossi |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Bauzeechner, Graphiker, Kënschtler |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Auguste Rodin |
Geschwëster | Paul Claudel |
Si huet sech scho fréi fir Skulptur intresséiert an ass dofir mat 16 Joer op déi privat Académie Colarossi gaangen, eng vun de wéinege Konschtschoulen, wou och Fraen zougelooss waren. Si huet zesumme mat anere Konschtstudentinnen en Atelier opgemaach. 1883 huet si de Sculpteur Auguste Rodin kenne geléiert, dee 24 Joer méi al war, an deen hir, nodeems se mat Succès 1885 eng éischt Ausstellung hat, proposéiert huet, a sengem Atelier ze schaffen.
Déi zwee haten duerno eng stiermesch Relatioun, mat vill Gestreits, Gefillsausbréch a -schwankungen. Si hat géint 1888/89 bis 1891 och eng kuerz Affär mam Claude Debussy. 1892 huet si dem Rodin säin Atelier nees fir zerguttst verlooss an 1893 hir Relatioun mat him ofgebrach, wat s'awer schwéier matgeholl huet. Si ass e puermol geplënnert, an huet zulescht um Quai Bourbon 19 gewunnt, oder besser gehaust. Eng psychesch Krankheet déi zu hirer Zäit als Paranoia bezeechent gouf, huet sech ëmmer méi staark bemierkbar gemaach. Dacks huet si hir Wierker, déi s'iwwer d'Joer geschaf huet, futtigeschloen. Si gouf paranoid an huet dem Rodin virgeworf, si ze plagiéieren.
1913, nom Doud vun hirem Papp, dee se trotz allem ënnerstëtzt hat, hunn hir Mamm an hire Brudder se géint hire Wëllen an d'psychiatresch Klinick Ville-Évrard uweise gelooss. 1914 koum s'op Montdevergues (Departement Vaucluse) wou se no bal 30 Joer, praktesch vergiess, gestuerwen ass.
Sir war d'Sëschter vum Schrëftsteller Paul Claudel.