Canon EOS Digital-Fotoapparaten
Famill vu Spigelreflex-Fotoapparaten a Wiesselobjektiven / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den EOS-System (Electro-Optical System) vu Canon ass eng Famill vu Spigelreflex-Fotoapparaten a Wiesselobjektiven, déi dobäi passen. Deen éischte Fotoapparat iwwerhaapt, deen den Numm EOS gedroen huet gouf 1987 virgestallt, dat war natierlech ee fir Klengbild-Filmer.
Am Joer 1995 gouf déi éischt digital Canon EOS virgestallt.
Fir digital Spigelreflex-Fotoapparate mat méi klenge Bildsensoren, am Verglach mam Klengbildformat huet Canon speziell Objektiver produzéiert.
Well bei deene méi bëllegen digitalen EOS Modeller d'CCD-Chip-Fläch mat 22.2 x 14.8mm däitlech méi kleng ass wéi d'Negativ vun enger Klengbildformat-Foto (24x36 mm), kënnt et zu engem sougenannte Verlängerungsfaktor (Crop-Faktor): Bei deene selwechten opteschen Eegenschafte vum Objektiv kënnt et zu engem méi klenge Bildausschnett wéi bei engem analogen Apparat mat Klengbildfilm, deen deem vun enger mam Crop-Faktor multiplizéierter Brennwäit entsprécht.
Sou huet de EOS 300D an deem säin Nofollger de EOS 350D e Verlängerungsfaktor vun 1,6. Doduerch huet e 50mm-Objektiv un enger EOS 350D de selwechte Bildauschnëtt wéi en 80mm-Objektiv un enger Klengbild-Spigelreflex.