Cap Arcona
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Cap Arcona war en däitschte Luxusdampfer, benannt nom Kap Arkona op der Insel Rügen. Vun 1927 bis 1939 ass d'Schëff op der Südamerika Linn agesat ginn.
1940 huet déi dàitsch Krichsmarine d'Schëff iwwerholl. Well et duerch e Maschinneschued net méi asetzbar war, gouf et de 14. Abrëll 1945 dem Gauleiter vun Hamburg iwwerlooss. Op d'Cap Arcona, wéi och op aner Schëffer an der Ostséi, sinn dunn KZ-Prisonéier agespaart ginn. Kuerz virum Enn vum Zweete Weltkrich, den 3. Mee 1945, gouf d'Schëff vu brittesche Fligeren an der Lübecker Bucht ugegraff a versenkt. Dobäi sinn déi meescht vun de 4.600 KZ-Gefaangen déi u Bord waren ëm d'Liewe komm. D'Royal Air Force war der Meenung et géif sech ëm een Truppentransporter handelen.