![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7f/Costa_Concordia_in_2009.jpg/640px-Costa_Concordia_in_2009.jpg&w=640&q=50)
Costa Concordia
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Costa Concordia ass dat fréiert Flaggschëff vun der italieenescher Reederei Costa Crociere. Et ass dat éischt vun dräi Schëffer, déi d'Reederei Costa Crocieri vu Genua, bei der Werft Fincantieri baue gelooss huet. Et war bei senger Ausliwwerung dat weltwäit sechstgréisst Croisièresschëff.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Costa Concordia | |
---|---|
![]() | |
Technesch Donnéeën (Iwwerbléck) | |
Schëffstyp: | Passagéierschëff |
Asaz: | Croisièren |
Tonnage: | 112000 BRT |
Maschinnen: | Dieselmotoren |
Längt (i.W.): | 290 m |
Breet (i.W.): | 36 m |
Déifgang: | 8m |
Reesvitesse: | 24 Kniet |
Passagéierkapazitéit: | 3788 |
Equipage: | 1100 |
Baujoer: | 2006 |
Bauwerft: | Fincantieri |
Pavillon: | Italien |
Decker: | 17 |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e1/Costa_Concordia_5.jpg/640px-Costa_Concordia_5.jpg)
De faarwege Bannendesign orientéiert sech no de Länner vun Europa, no deenen och d'Decker genannt goufen. Den amerikaneschen Designer Joe Farcus huet wéi bei allen neie Costaschëffer, zanter der Costa Atlantica, wéi och bei de meeschte Carnivalschëffer, d'Bannenariichtung entworf.
De 15. Juli 2006 huet dat neit, a mat 112.000 BRT, gréisst Schëff vun der Costa-Flott, déi éischt Croisière gemaach.
D'Costa Concordia ass den 13. Januar 2012 owes géint 22:00 Auer virun der italieenescher Insel Giglio op Grond gelaf. Duerch massive Waasserabroch huet d'Schëff sech op d'Säit geluecht an d'Passagéier hu missen evakuéiert ginn. U Bord waren dee Moment zirka 4230 Mënschen, dovun ongeféier 1000 Membere vun der Besatzung. Et gouf 32 Doudesaffer. Als Ursaach fir d'Accident gi Feeler vum Kapitän ugesinn.
De 16. September 2013 ass d'Wrack nees opgeriicht ginn a gouf am Juli/August 2014 an den Hafe vu Genua gezu fir do verschrott ze ginn.