Deputéierten
Member vun engem Parlament / From Wikipedia, the free encyclopedia
En Deputéierten, deels och nach Parlamentarier oder Volleksvertrieder, ass eng Persoun déi bei enger Wal vun de stëmmberechtegte Wieler an e Parlament gewielt gouf.
D'Deputéiert gi fir eng begrenzt Zäit (Legislatur) gewielt a se hunn an de meeschte Länner eng juristesch Immunitéit, d. h. datt se net strofrechtlech verfollegt kënne ginn, ausser et besteet eng speziell Prozedur fir d'Immunitéit opzehiewen. Wéinst dem Prinzip vun der Immunitéit kënne se dowéinst grondsätzlech net fir Aussoe verantwortlech gemaach ginn, déi se am Parlament gemaach hunn.
Fir hiert Mandat kréie se normalerweis eng finanziell Entschiedegung. A verschiddene politesche Systemer, mussen d'Deputéiert fir d'éischt vereedegt ginn, ier se hiert Mandat untriede kënnen.
An engem Zweekummersystem ass en Deputéierte gemenkerhand e Member vum Ënnerhaus („niddreg Chamber“) iwwerdeems d'Membere vum Uewerhaus („héich Chamber“) en aneren Titel hunn, wéi z. B. Senator (a Frankräich, der Belsch oder den USA) oder Lord (an England).