Directoire
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Directoire war an der Zäit vun der éischter franséischer Republik de politesche Regime den d'Exekutivmuecht vum 4. Brumaire Joer IV bis zum 18. Brumaire Joer VIII hat. Den Directoire war den Nofollger vun der Convention nationale an de Virgänger vum Consulat.
Der Constitutioun vum Joer III no, goufen d'Direktere vum Conseil des Anciens gewielt. Déi fënnef éischt Directeurs waren de Rewbell, de Barras, de La Révellière Lépeaux, de Carnot an de Letourneur. All Joer huet een Direkter misse seng Plaz fräi maachen. Wien dat sollt si gouf duerch d'Lous entscheet. Nom Staatsstreech vum 18. Fructidor Joer V (4. September 1797) ass den Directoire an d'Hänn vun engem Triumvirat gefall (Rewbell, Barras, La Révellière Lépeaux).
D'Legislativ louch an den Hänn vum sougenannte Corps législatif, dee sech aus Membere vum Conseil des Anciens a vum Conseil des Cinq-Cents zesummegesat huet.
Den Directoire war, virun allem am Ufank, eng grouss Epoch fir d'franséisch Arméi: d'ganz Militärgeschicht vun dëser Zäit steet an den Nimm Bonaparte, Kléber, Desaix, Masséna a Moreau.
Bannepolitesch huet den Directoire versicht, d'Interessen ze vereenegen, an den neie Gouvernement ze festegen, ouni zu extreeme Mëttelen ze gräifen, mä duerch d'finanziell Problemer huet missen zu der Faillite gegraff ginn, déi ënner dem Numm vum Tiers consolidé verstoppt gouf.
Obschonn d'militäresch Victoirë vum Napoleon Bonaparte an Italien (1797) dem Staat erlaabt hunn, d'Krichskontributiounen an d'Luucht ze hiewen, gouf aus dem Directoire, ënner der Leedung vum Barras (« le roi des Pourris » laut dem Bonaparte) e Synonym fir Staatskorruptioun (Inflatioun vun den Assignats).
No e puer Réckschléi goufen d'Direkteren als onkapabel dohigestallt; si ware sech ënnereneen och rar eens. No verschiddenen interne Revolutiounen huet de Bonaparte, mat der Hëllef vum Sieyès, dem Directoire en Enn gesat mat sengem Staatsstreech vum 18. an 19. Brumaire, deen de Consulat an d'Liewe geruff huet. Zu dësem Zäitpunkt waren déi fënnef Direkteren de Barras, de Sieyès, de Gohier, den Ducos an de Moulin.