Diskussioun:Kontergewiicht
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ofgesinn dovun, datt den Text op Englesch ass, gesäit dat Schema droleg aus: Wann dee Kran seng Dunn ofluet, da fält dee ganze Kreemchen ëm. De "pivot" huet an deem Schema iwwregens näischt verluer; et geet jo net ëm Hiewelgesetzer. Wa kee capabel ass, eng valabel Zeechnung mat lëtzebuergeschen Text ze maachen, da misst dat do net sinn. --Cornischong 23:24, 18. Okt. 2009 (UTC)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c4/Simple_Crane_diagram..png/220px-Simple_Crane_diagram..png)
Bonjour gesot,
Da froen ech mech firwat datt Krane Kontergewiichter hunn. Hei hannen drunner eng Foto vun esou engem Kran, déi zimmlech gutt dem Schema entsprécht.
Dee schengt awer nach net ëmgefall ze sinn.
Déi Fote am Artikel ass iwwregens kee gutt Beispill fir e Kontergewiicht. Et geséit een iwwerhaapt net drop, datt et eng Aktioun op den Aarm vum Kran gëtt.
Wanns de mengs dat hätt näischt mam Hiewelgesetz ze dinn, dann ierst de dech fatzeg. Op Krane ginn nämlech Kontergewiichter genee op Basis vum Hiewelgesetz ausgerechent.
Les Meloures 00:48, 19. Okt. 2009 (UTC)
- No dem drëtten Newton-Axiom ass et e Medium, dat där Kraaft, déi bei der Kraaftwierkung vun engem Kierper A op e Kierper B awierkt, entgéint geriicht ass.
- Tatsächlech????
- Actioni contrariam semper et aequalem esse reactionem: sive corporum duorum actiones is se mutuo semper esse aequales et in partes contrarias dirigi.“
Les Meloures 06:53, 19. Okt. 2009 (UTC)