Dragon (Raumschëff)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Dragon ass e Raumschëff vun der US-amerikanescher Entreprise SpaceX, dat mat enger Falcon-9-Rakéit gestart gëtt. Déi aktuell Dragon-Kapsel ass nëmme fir Materialtransport gëeegent. Spéider sollen och bis zu siwe Persounen op d'ISS geflu ginn. Am Deel vun der Kapsel deen ënner Loftdrock steet stinn 10 Kubikmeter Volume fir méi wéi 3.000 kg Notzlaascht zur Dispositioun. Wärend dem Antrëtt an d'Atmosphär a bei der Landung am Mier kommen en Hëtzschëld a Fallschiermer zum Asaz. Den éischte Start vun enger onbemannter Dragon-Kapsel war den 8. Dezember 2010.