Dräi Tierm
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Dräi Tierm, och alt Porte du Pfaffenthal genannt, gehéieren zu den eelste Bauwierker an der Stad Lëtzebuerg. De mëttleren, véiereckegen Tuerm war en Deel vun der zweeter Stadmauer a gouf ëm 1050 gebaut. Déi zwéi ronn baussenzeg Tierm koume warscheinlech Mëtt vum 13. Joerhonnert dobäi.
D'Nordsäit vun den Dräi Tierm | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°36'45,108"N, 6°8'0,204"O |
Datum vum Bau | 1050 (julianesch) |
Datt d'Tierm beim Schleefe vun der Festung net och hu missen dru gleewen, féiert de Roger Bour drop zeréck, datt se deemools nach bewunnt waren. De Capitaine Weydert vun der Fräiwëllegekompanie huet do bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert gelieft.
D'Tierm hu spéiderhin als Prisong gedéngt an et heescht datt d'Guillotine, wa se net grad anzwousch gebraucht gouf, do ënnerbruecht war.
Nach haut droen d'Giichtercher am Prisong vu Schraasseg um Kollie vun hirer Uniform den Emblème mat den Dräi Tierm.