From Wikipedia, the free encyclopedia
Dullemajik ass e vereelzte lëtzebuergeschen Numm fir eng Dréileier oder Radleier, e Musekinstrument.
Dullemajik | |
---|---|
Eng Dréileier | |
Klassifikatioun | Chordophon Sträichinstrument |
Klangbeispill | Klang ? / i |
Änlech Instrumenter | Leier |
Museker | |
Guy Schons |
Et ass e Sträichinstrument, bei deem e puer Säiten zur selwechter Zäit vun engem hëlzene Rad gestrach ginn, dat am Korpus agebaut ass, an dat duerch eng Kierp gedréint gëtt. D'Form vum Korpus ka ganz verschidde sinn.
Déi schwéngend Längt vun enger oder e puer Melodiesäite gëtt mechanisch iwwer Taste verkierzt, fir d'Tounhéicht ze veränneren.
Meeschtens kléngen eng oder e puer Bordunsäiten op konstanter Tounhéicht mat. D'Dréileier gëtt dofir grad wéi den Duddelsak zu de Borduninstrumenter gezielt. Fir rhythmesch Schnarrlauter ze spille gëtt heefeg e Schnarrsteg benotzt.
Déi a Muséen erhale böhmesch Instrumenter hu keng Bordunsäiten, déi traditionell Instrumenter aus Galicien (Nordwestspuenien) hu kee Schnarrsteg.
D'Dullemajik gëtt ënner anerem an der traditioneller Musek, der Aler Musek, an der Folk-Musek, am Jazz, am Industrial, an der Rockmusek an an der Neier Musek benotzt.
Den Numm Dréileier kënnt aus dem mëttelhéichdäitsche lire, dem alhéichdäitsche lira.
Den Numm Dullemajik kënnt warscheinlech vun de Begrëffer Duddelsak a Lantermajik.[1] Well d'Laterna-Magica-Virféierunge bis an d'19. Joerhonnert heefeg vun der Dréileier oder Dréiuergel begleet waren, goufen d'Begrëffer Lantermajik an Dullemajik souwuel op d'Dréileier wéi och op d'Dréiuergel iwwerdroen.
D'Luxemburger Wörterbuch ernimmt d'Wuert Dullemajhik (Betounung op der leschter Silb!) eréischt am Band V Nachträge und Berichtigungen vun 1977.
Eng Folk-Grupp ëm de Guy Schons nennt sech Dullemajik.
Commons: Drehleier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.