Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vu Beetebuerg op Wuelmereng.
D'CFL-Statioun zu Wuelmereng | |
Streckekaart vun der Linn 6b | |
Linnennummer | 6b |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
vu(n) | Gare Beetebuerg |
op | Gare Wuelmereng |
iwwer | Gare Diddeleng-Bireng, Gare Diddeleng-Stad, Gare Diddeleng-Zenter, Gare Diddeleng-Schmelz |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 7 km |
Gréisst Steigung | 11 ‰ |
Klengste Radius | 190 m |
Spuerbreet | Normalspuer |
Vitesslimitatioun | 80 km/h |
Zuchsécherungssystem | European Train Control System |
Garen - Uschlëss - Brécken Tunnellen - Barriären | PK | |
Beetebuerg | 0,000 | |
Diddelengerbaach | ||
Ofzweigung Arcelor Mittal Diddeleng | ||
A 13 | ||
PN. 102d Biereng (Route de Burange) | ||
Biereng (Rue J. Simon) | ||
Diddeleng-Biereng | 3,000 | |
Diddeleng-Stad | 3,950 | |
Diddeleng CR160 (R. de Kayl - Av. Grande-Duchesse Charlotte) | 4,050 | |
PN. 103b Diddeleng (Rue Jean Jaurès) | 4,355 | |
Diddeleng-Zenter | 4,450 | |
PN. 104 a Diddeleng (Rue Karl Marx) | 4,550 | |
Uschloss Walzwierk Diddeleng | ||
Diddeleng-Schmelz | 5,223 | |
Wuelmereng | 7,000 |
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
D'Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng gëtt als Linn 6b bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass et eng Antenne vun der Linn 60[1]. Si ass 7 km laang an - ausser an der Gare Diddeleng-Schmelz - op der ganzer Streck eegleiseg. D'Vitess op der Streck ass op 80 km/h limitéiert.
Wéi an den 1880er Joren eng Schmelz zu Diddeleng geplangt gouf, war och en Uschloss un d'Bunn néideg. D'Zuchstreck Metz - Lëtzebuerg, déi 1859 opgemaach gi war, ass zwar schonn iwwer Diddelenger Territoire gefuer, ma déi nooste Gare war zu Beetebuerg. Den 20. Dezember 1883 ass d'Streck Beetebuerg - Diddeleng dunn opgemaach ginn. 1884 gouf den Uschloss op d'Beluedstatioun Reiteschkopp realiséiert an zanter 1888 war dat Gleis en Deel vun der Eisebunnsstreck[2]. Wéi dunn 1886 d'Diddelenger Schmelz opgoung ass den Transportvolume gewalteg an d'Luucht gaangen. Absënns well all Brennstoffliwwerungen an e groussen Deel vum Eisenäerz mat der Bunn transportéiert goufen, huet d'Streck zu enge vun de profitabelste Strecken zu Lëtzebuerg gehéiert[3].
1959/60 gouf d'Streck elektrifizéiert, deen elektresche Betrib huet den 9. Juli 1960 ugefaangen[3].
Wéi 1984 d'Stolwierk zougemaach gouf, blouf nëmmen nach e Walzwierk zu Diddeleng bestoen. De Gidderverkéier huet séier ofgeholl an déi kuerz Streck op d'Reiteschkopp gouf 1988 zougemaach[4].
An den 1990er Jore koumen déi nei Halten Diddeleng-Biereng an Diddeleng-Zentrum bäi.
D'Verlängerung vun der Streck bis an dat franséischt Wuelmereng gouf 2001 beschloss an d'Verlängerung vun der Streck gouf am Dezember 2003 ageweit[4].
Wéi 2005 d'Walzwierk zougemaach huet, war et 2006 och mam Gidderverkéier eriwwer[4] an zanterhier ass d'Streck just nach fir de Persouneverkéier op.
Op der Streck Beetebuerg - Diddeleng - Wuelmereng goufen am Joer 2022 699.000 Leit transportéiert, dat Joer duerno waren et der 736.000[5].
Commons: Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.