![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/a8/Eli_Wallach_-_publicity.jpg/640px-Eli_Wallach_-_publicity.jpg&w=640&q=50)
Eli Wallach
US-amerikanesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Eli Wallach (mam ganzen Numm: Eli Herschel Wallach, gebuer de 7. Dezember 1915 zu Brooklyn, New York City a gestuerwen de 24. Juni 2014, war en US-amerikanesche Schauspiller, dee virun allem fir seng Western-Rollen an The Magnificent Seven an Il buono, il brutto, il cattivo bekannt gouf.
Eli Wallach | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
7. Dezember 1915 Brooklyn |
Gestuerwen |
24. Juni 2014 Manhattan |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
University of Texas, City College of New York, Neighborhood Playhouse, University of Texas, City College of New York |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Autobiograph, Charakterschauspiller, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Offizéier |
Famill | |
Bestuet mat | Anne Jackson |
Kanner | Roberta Wallach |
![]() |
De Wallach huet op der Universitéit vun Austin am Texas Geschicht studéiert an niewelaanscht Reide geléiert, wat spéiderhi fir seng Westernrollen nëtzlech war. Nom Zweete Weltkrich, wou en an der Arméi war, huet hien 1945 um Broadway seng Theatercarrière ugefaangen. 1956 hat hie seng éischt Filmroll am Film Baby Doll. Aner Filmer wéi The Lineup, Lullaby a Seven Thieves koumen no, ier en 1960 am John Sturges sengem Klassiker The Magnificient Seven e mexikanesche Banditechef gespillt huet. Am Joer drop war hien nieft dem Clark Gable, Marilyn Monroe a Montgomery Clift an The Misfits ze gesinn. Seng berüümtst Roll hat hien 1966 nieft dem Clint Eastwood als mexikanesche Bandit Tuco ("deen Ellenen") am Italowestern Il buono, il brutto, il cattivo vum Sergio Leone.
2010 krut den Eli Wallach en Éieren-Oscar fir säi Liewenswierk.
Hie war vun 1948 bis zu sengem Doud mat der Schauspillerin Anne Jackson bestuet, mat där en dacks zesummen a Filmer gespillt huet. Si haten dräi Kanner.