Enrico Gasparotto
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Enrico Gasparotto gebuer den 22. Mäerz 1982 zu Sacile ass en italieenesche professionelle Vëlossportler. Seng Spezialitéit ass de Sprint. Hien huet e puer Courssen op déi Manéier gewonnen, ënner anerem déi italieenesch Landesmeeschterschaft op der Strooss 2005.
Ufanks war hie Foussballspiller, ënner anerem an de Jugendmannschafte vun AC Mailand. Do hat hien awer wéineg Erfolleg, a sou huet hie sech dem Cyclissem gewidmet. Zanter 2005 ass hie Vëloprofi.