Etamin (Stär)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Etamin, och Eltanin genannt, ass de Stär γ Draconis (Gamma Draconis).
Den Etamin gehéiert zu der Spektralklass K5 an huet eng visuell Magnitude vu +2,4 mag. Den Etamin ass zirka 147 Liichtjoer wäit ewech (Hipparcos Datebank).
Den Numm Etamin a seng iiwerliwwert Varianten Eltanin an Ettanin bedeiten "Séiongeheier" oder "Schlaang". Een aneren Numm vum Etamin ass Alnath an huet déi selwecht Bedeitung mat dem Numm vum β Tauri, El Nath (arab. "d'Enn"). E weideren Numm vum Etamin ass Rastaban, wat vum arabeschen الراس التنين (ar-rās at-tinnīn) ofgeleet ass an "de Kapp vun der Schlaang (vum Draach)" bedeit.
De Gamma Draconis steet a Südengland praktesch um Zenit, bei enger Observatioun kann een also d'Refraktioun an der Äerdatmosphär vernoléissegen.