Eurovision Song Contest 1959
From Wikipedia, the free encyclopedia
De 4. Eurovision Song Contest (offiziell de Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne), war den 11. Mäerz 1959 a Frankräich. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Palais des Festivals zu Cannes. Presantatrice war d'Jacqueline Joubert.
4. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 11. Mäerz 1959 |
Stad | Cannes (Frankräich) |
Gebai | Palais des Festivals |
Gewënner | Teddy Scholten (Holland) |
Zuel vu Länner | 11 |
Nei Participatiounen | Monaco |
Moderatioun | Jacqueline Joubert |
Interval Act | Franck Pourcel Orchester |
Ofstëmmungsreegel | A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt. |
Eng nei Natioun, Monaco, war derbäikomm. Groussbritannien huet dat Joer och nees matgemaach, Lëtzebuerg huet awer eng Paus ageluecht. D'Zuel vun de Länner ass dofir op 11 eropgaangen.
De Vertrieder vun Italien, den Domenico Modugno, war och dat Joer virdru schonn derbäi.
Als nei Reegel fir ofzestëmme koum derbäi datt an den nationale Jurye keng Museksexperte méi erlaabt waren. Et gouf awer ofgestëmmt wéi dat Joer virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Cannes iwwermëttelt.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Holland, d'Teddy Scholten mat 5 Punkte Virsprong virum Pearl Carr an Teddy Johnson (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut de Jean Philippe, dee fir Frankräich ugetruede war.