Eurovision Song Contest 1986
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 31. Eurovision Song Contest war den 3. Mee 1986 an Norwegen. Dat Joer gouf d'Eurovisioun an de Grieghallen zu Bergen organiséiert. Presentatrice war d'Åse Kleveland, déi och als Sängerin scho fir Norwegen 1966 derbäi war.
31. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 3. Mee 1986 |
Stad | Bergen (Norwegen) |
Gebai | Grieghallen |
Gewënner | Sandra Kim (Belsch) |
Zuel vu Länner | 20 |
Nei Participatiounen | Island |
Moderatioun | Åse Kleveland |
Interval Act | Steinar Ofsdal a Sissel Kyrkjebø |
Ofstëmmungsreegel | An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. |
Am Ganzen hunn 20 Länner matgemaach. Als neit Land ass Island derbäikomm. Island hat schonn e puer Joer laang gefrot fir kënne matzemaachen, mä se hu misse waarde bis eng Satelitteverbindung bestanen huet. Malta, Monaco, Griicheland an Italie waren net derbäi.
Eng Sängerin war scho virdrun eng Kéier derbäi, d'Elpida (Elpida Karayiannopoulou) fir Zypern 1979 (fir Griicheland).
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Bergen matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun der Belsch, d'Sandra Kim mat 36 Punkte Virsprong virum Daniela Simons (Schwäiz). Déi drëtt Plaz krut d'Sherisse Laurence, déi fir Lëtzebuerg ugetruede war.
Fir d'Belsch war et déi éischt Kéier datt se de Grand Prix gewonnen hat. D'Gewënnerin Sandra Kim war eréischt 13 Joer al, huet awer uginn, der 15 ze sinn. Dowéinst huet d'Schwäiz als zweete Recours ageluecht, allerdéngs ouni Erfolleg.
De lëtzebuergesche Bäitrag war dee 500sten dee bis dohi bei enger Eurovisioun virgedroe gi war.