Eurovision Song Contest 1992
37. Eurovision Song Contest / From Wikipedia, the free encyclopedia
De 37. Eurovision Song Contest war den 9. Mee 1992 a Schweden. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Malmö Isstadion zu Malmö. Presentateure waren d'Lydia Cappolicchio an den Harald Treutiger.
37. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 9. Mee 1992 |
Stad | Malmö (Schweden) |
Gebai | Malmö Isstadion |
Gewënner | Linda Martin (Irland) |
Zuel vu Länner | 23 |
Nei Participatiounen | Keng |
Moderatioun | Lydia Cappolicchio an Harald Treutiger |
Interval Act | Trelleborger Danzorchester |
Ofstëmmungsreegel | An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. |
Am Ganzen hunn 23 Länner matgemaach, wat bis dohin déi gréisst Zuel vu Länner war déi matgemaach haten. Monaco war net dobäi. Et war dat lescht Joer dat Jugoslawien ënner deem Numm matgemaach huet.
Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, d'Mia Martini fir Italien 1977, d'Linda Martin fir Irland 1984, d'Grupp Wind fir Däitschland 1985 an 1987, de Sigga (Deel vun Heart 2 Heart) fir Island 1990 (Deel vu Stjórnin) an d'Grétar Örvarsson (Deel vun Heart 2 Heart) fir Island 1990 (Deel vu Stjórnin).
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Malmö matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Irland, d'Linda Martin mat 16 Punkte Virsprong virum Michael Ball (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut d'Mary Spiteri, déi fir Malta ugetruede war.
Fir Irland war et déi véiert Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.