Eurovision Song Contest 1996
41. Eurovision Song Contest / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 41. Eurovision Song Contest war den 18. Mee 1996 an Norwegen. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Oslo Spektrum zu Oslo. Presentateure waren d'Ingvild Bryn an de Morten Harket.
41. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 18. Mee 1996 |
Stad | Oslo (Norwegen) |
Gebai | Oslo Spektrum |
Gewënner | Eimear Quinn (Irland) |
Zuel vu Länner | 30, dovun 23 an der Finall |
Nei Participatiounen | Keng |
Moderatioun | Ingvild Bryn a Morten Harket |
Interval Act | „Beacon Burning“ – Ballet a Film |
Ofstëmmungsreegel | An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. |
Well et fir de Grand Prix am Ganzen 30 Umeldunge gi sinn an de System vum Joer virdrun net weidergefouert sollt ginn, ass eng intern Qualifikationsronn agefouert ginn, an där sech all Länner mat Ausnam vun Norwegen, dem Gewënner vum virege Joer, hu misse qualifizéieren. Well an der Finall nëmmen 23 Länner däerfte matmaachen, sinn also siwe Länner, an zwar Ungarn, Dänemark, d'Republik Mazedonien, Russland, Israel, Rumänien an Däitschland duerch d'Qualifikatiounsronn ausgescheet. Italien a Lëtzebuerg hu fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen.
Fir d'Qualifikatiounsronn ass vun den nationale Juryen eng Ofstemmung op Basis vun Tounenregistrementer gemaach ginn. Dëse System ass spéider vu ville Länner staark kritiséiert ginn.
Verschidden Interprete ware scho virdru mol eng Kéier derbäi, d'Mariana Efstratio fir Griicheland 1989 an d'Elisabeth Andreassen fir Norwegen 1982 (Deel vu Chips, fir Schweden), 1985 (Deel vu Bobbysocks) an 1994.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Oslo matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Irland, d'Eimear Quinn mat 48 Punkte Virsprong virum Elisabeth Andreassen (Norwegen). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp One More Time, déi fir Schweden ugetruede war.
Fir Irland war et déi siwent Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.