Eurovision Song Contest 2009
54. Eurovision Song Contest / From Wikipedia, the free encyclopedia
De 54. Eurovision Song Contest war den 12., 14. an de 16. Mee 2009 a Russland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Olimpijski (Olympiastadion) zu Moskau. Presentateure waren d'Natalja Wodjanowa an den Andrei Malachow an den Halleffinallen an d'Alsou an den Iwan Urgant an der Finall.
54. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Motto | Fire Bird |
Datum | 12. Mee, 14. Mee a 16. Mee 2009 |
Stad | Moskau (Russland) |
Gebai | Olimpijski |
Gewënner | Alexander Rybak (Norwegen) |
Zuel vu Länner | 42 |
Nei Participatiounen | Keng |
Moderatioun | Natalja Wodjanowa & Andrei Malachow & Alsou & Iwan Urgant |
Interval Act | Halleffinallen: Alexandrov Ensemble feat. t.A.T.u an Igor Moiseyev Ensemble, Finall: Fuerzabruta |
Ofstëmmungsreegel | All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder |
Lëtzebuerg huet scho wéi déi 15 Joer virdru fräiwëlleg drop verzicht fir matzemaachen. Och Italien, Georgien, San Marino, Éisträich a Monaco hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganzen hunn 42 Länner matgemaach.
Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, de Sakis Rouvas fir Griicheland 2004 an d'Chiara fir Malta 1998 an 2005.
Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng Éischtplazéiert d'Finall erreechen. Fënnef weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Véier (Big-4) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, an dësem Fall Russland.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass dëst Joer geännert ginn. Den Televoting duerch d'Spectateure vun alle Länner ass weiderhi benotzt gi fir ofzestëmmen, awer nëmmen zu 50 %. Déi aner 50 % vun de Stëmme sinn aus all Land vun enger professioneller Jury vu 5 Leit komm. An den Halleffinalle sinn 9 Länner duerch den Televoting bestëmmt ginn, dat zéngt Land gouf duerch eng Back-up Jury bestëmmt. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Moskau matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vun Norwegen, den Alexander Rybak mat 169 Punkte Virsprong virum Yohanna (Island). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp AySel & Arash, déi fir den Aserbaidjan ugetruede war.
Fir Norwege war et déi drëtt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat. De Gewënner huet mat 387 Punkten dat bis dohi bei engem Grand Prix bescht Resultat erreecht.