Eurovision Song Contest 2013
58. Eurovision Song Contest / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 58. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen de 14. a 16. Mee, a seng Finall den 18. Mee 2013 an der Malmö Arena an der schweedescher Stad Malmö. Déi Hal ka bis 15.500 Zuschauer ophuelen. Eenzeg Presentatrice fir déi dräi Deeler vum Concours war d'Petra Mede.
58. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Motto | We Are One |
Datum | 14., 16. an 18. Mee 2013 |
Stad | Malmö (Schweden) |
Gebai | Malmö Arena |
Gewënner | Emmelie de Forest Dänemark |
Zuel vu Länner | 39 |
Moderatioun | Petra Mede |
Interval Act | Finall: Carola Häggkvist (Fångad av en stormvind), Loreen (We Got The Power), Sarah Dawn Finer (The Winner Takes It All) |
Ofstëmmungsreegel | All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder. |
Lëtzebuerg huet scho wéi déi 19 Joer virdru fräiwëlleg net matgemaach. Och Andorra, Polen, Tschechien, Monaco, Bosnien an Herzegowina, Portugal, d'Slowakei an d'Tierkei hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganze waren 39 Länner dobäi.
Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng éischtplacéiert d'Finall erreechen. Sechs weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Fënnef (Big-5) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, déi Kéier Schweden.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Dänemark, d'Emmelie de Forest mam Lidd Only Teardrops mat 47 Punkte Virsprong virum Farid Mammadov (Aserbaidjan). Déi drëtt Plaz krut d'Slata Ohnewytsch, déi fir d'Ukrain ugetruede war.
Fir Dänemark war et déi drëtt Kéier no 1963 an 2000, datt et de Grand Prix gewonnen hat.