Eurovision Song Contest 2014
59. Eurovision Song Contest / From Wikipedia, the free encyclopedia
De 59. Eurovision Song Contest huet seng zwou Halleffinallen de 6. an 8. Mee, a seng Finall den 10. Mee 2014 an der "B&W Hallerne" an der dänescher Haaptstad Kopenhagen. Et handelt sich bei där Hal ëm eng fréier Hal vun enger Werft. D'Insel Refshaleøen, op där dat alt Werftgelänn ass, gëtt an de Concours mat abezunn a soll als Eurovision Island de Visiteuren en eemoleg Erliefnes bidden. D'Presentateure fir de Concours waren d'Lise Rønne, de Nikolaj Koppel an de Pilou Asbæk.
59. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Motto | #JoinUs |
Datum | 6., 8. an 10. Mee 2014 |
Stad | Kopenhagen (Dänemark) |
Gebai | B&W Hallerne, Kopenhagen |
Gewënner | Conchita Wurst, Éisträich |
Zuel vu Länner | 37 |
Moderatioun | Lise Rønne, Nikolaj Koppel, Pilou Asbæk |
Interval Act | Finall: Rainmaker (Emmelie de Forest an déi 26 Finalisten) |
Ofstëmmungsreegel | All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder. |
Lëtzebuerg huet och wéi déi 20 Joer virdru fräiwëlleg net matgemaach. Och Bulgarien, Kroatien, Serbien, Bosnien an Herzegowina, Monaco, Zypern, Andorra, Tschechien, d'Slowakei an d'Tierkei hunn och fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganze ware 37 Länner dobäi.
Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng éischtplacéiert d'Finall erreechen. Sechs weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert: déi Grouss Fënnef (Big-5) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, déi Kéier Dänemark.
Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vun Éisträich, d'Conchita Wurst mam Lidd Rise Like a Phoenix mat engem Total vun 290 Punkten an engem Virsprong vun 52 Punkte virun der Grupp The Common Linnets (Holland). Déi drëtt Plaz krut d'Sanna Nielsen, déi fir Schweden ugetruede war.
Fir Éisträich war et déi zweet Kéier no 1966 datt et de Grand Prix gewonnen hat.