portugisesch foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Eusébio da Silva Ferreira, gebuer de 5. oder 25. Januar 1942 zu Lourenço Marques am Mosambik, a gestuerwen de 5. Januar 2014 zu Lissabon, war e portugisesche Foussballspiller.
Eusébio | |
---|---|
Gebuertsnumm | Eusebio da Silva Ferreira |
Gebuer |
25. Januar 1942 Maputo |
Gestuerwen |
5. Januar 2014 Lissabon |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Portugal |
Aktivitéit | Foussballspiller, Sportler |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Gréisst | 175 cm |
Gewiicht | 73 kg |
Veräin/Ekipp |
SL Benfica, Portugisesch Foussballnationalekipp |
Als Uspillung op seng kazenaarteg Spillweis gouf den Eusébio vum englesche Journalist Desmond Hackett "Pantera Negra" (Schwaarze Panther) genannt. Hien huet zu de golgeféierlechste Stiermer vun der Foussballgeschicht gehéiert a war dat gréisst Sportleridol vu Portugal. 15 Joer laang huet e fir Benfica Lissabon gespillt an dem Klub seng bis ewell erfollegräichst Ära geschenkt (ë. a. zéngmol Meeschter, fënnef Pokalvictoiren an eemol Gewënner vum Europapokal vun de Landesmeeschter). Mat 474 Flichtspillgoler hält e bei Benfica de Rekord.
Bei der Weltmeeschterschaft 1966 war den Eusébio mat néng Goler bei wäitem dee beschte Spiller vum Turnéier, an en huet sengem Land sou op d'mannst nach déi drëtt Plaz geséchert.
Commons: Eusébio – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.