FC Blo-Wäiss Izeg
lëtzebuergesche Foussballveräin / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den FC Blo-Wäiss Izeg a.s.b.l. ass e lëtzebuergesche Foussballveräi vun Izeg.
FC Blo-Wäiss Izeg | ||||
Offiziellen Numm: | Football Club Blo-Wäiss Izeg | |||
---|---|---|---|---|
Veräinsfaarwen: | Blo, wäiss | |||
Grënnung: | 1941 | |||
Stadion: | Stade Albert-Kongs | |||
Plazen: | 1200 | |||
President: | Bob Scholer | |||
Trainer: | Pedro Da Silva Cunha Joël Rodrigues Da Rocha Block Yves | |||
Liga: | 1. Liga (Dammenekipp)
1. Divisioun / 2. Bezierk (Seniors 1) | |||
Saison: | 2021/22 | |||
Positioun: | 11. Plaz (1. Divisioun / 2. Bezierk) | |||
|
E gouf 1941 als "FC Blô-Weiss Itzég" gegrënnt, a gläich drop an "FK Blau-Weiß Itzig" zwanks-ëmbenannt. 1944 gouf dësen nees an "FC Blo-Weiss Itzeg" zeréck benannt.
Vun 1919-1923 an eng zweet Kéier vun 1926-1928 gouf et e weidere Foussballclub zu Izeg, dësst ënnert dem Numm "FC Excelsior Itzig".
Den FC Blo-Wäiss Izeg huet 850 Memberen, dovu 716 lizenzéiert Sportler (281 Senioren/Veteranen, 76 Dammen, 359 Jugendlizenzen).
Follgend FLF Arbitteren hunn eng Lizenz am Veräin: Arijan Dautaj, Daniel Mateus, David Mateus, Claude Melchior, Yanko Primc, Jasmin Sabotic a Joseph Silva Pinto.
D'Clubfaarwe si blo a wäiss.
Den FC Blo-Wäiss Izeg spillt seng Heem-Matcher um Stade Albert-Kongs.
An der Saison 2022/23 spillt d'1. Ekipp an der 1. Divisioun / 2. Bezierk, an d'Dammenekipp an der 1. Liga.