Fernand Ledoux
franséische Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fernand Ledoux, gebuer de 24. Januar 1897 zu Tienen am flämesche Brabant an der Belsch, a gestuerwen den 21. September 1993 zu Villerville am Calvados a Frankräich war e belsch-franséische Schauspiller.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Fernand Ledoux | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jacques Joseph Félix Fernand Ledoux |
Gebuer |
24. Januar 1897 Tienen |
Gestuerwen |
21. September 1993 Villerville |
Nationalitéit | Frankräich, Belsch |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Zoumaachen
Nom éischte Weltkrich huet de Fernand Ledoux d'Belsch verlooss an ass op Paräis gaangen. Do huet hien um Conservatoire national d'art Schauspill studéiert. Als Schauspiller war hie vun 1918 un am Kino ze gesinn.