Fluchfeld vun Näertrech
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Fluchfeld vun Näertrech ass e Fluchfeld op enger Héicht vu 465 m (NG-L) zu Näertrech an der Gemeng Wanseler dat ënner Opsiicht vun där Gemeng exploitéiert gëtt.
Et ass e Fluchfeld dat net kontrolléiert ass, an op deem och keng Douane ass. Et kann nëmme bei gudde Wiederkonditioune, bei Flich op Siicht benotzt ginn (VMC). Eng aeronautesch Statioun mam Indikativ «NOERTRANGE INFO» gëtt op der Frequenz 126,95 MHz d'Informatioune wéi et ka benotzt ginn.
D'Pist, déi net macadamiséiert ass, ass 670 Meter laang a 40 Meter breet, a kann nëmme vu Fligere benotzt ginn déi e Maximalgewiicht vu manner wéi 2.000 Kilo hunn.
Verschidde Klibb organiséiere reegelméisseg Aktivitéiten, sou wéi z. B. Fallschiermsprangen.