Fléron
belsch Gemeng / From Wikipedia, the free encyclopedia
Fléron ass eng Uertschaft a Gemeng an der Provënz Léck a gehéiert zur franséischsproocheger Communautéit.
Fléron | |
---|---|
D'Geschäftsstrooss (N3) | |
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Léck |
Awunner | 16.495 (1. Januar 2018) |
Fläch | 13,72 km² |
Koordinaten |
50° 36’ 38’’ N 05° 39’ 55’’ O |
Telefonszon | 043 |
Postcode | 44624 |
Websäit | http://www.fleron.be |
D'Lag vu Fléron an der Provënz Léck | |
Fléron läit am Südoste vu Léck an d'Gemeng verdeelt sech riets a lénks vun der Nationale 3, op enger Längt vun ongeféier zéng Kilometer. Dës grouss Nationalstrooss war virum Bau vun der Autobunn A3 (E40) d'Haaptverbindung vu Léck op Oochen. Eng Parti vun der Gemeng stéisst un de Plateau de Herve.
D'Gemeng huet eng Fläch vun 1372 ha, an hiert d'Stroossennetz huet 76 km.
Uertschaften an der Gemeng sinn: Fléron, Magnée, Retinne a Romsée.
De gréissten Deel vun der Gemeng läit op engem Plateau deen am Oste seng Originnen um Plateau de Herve huet a wou en am Fong geholl d'Verlängerung dovun no Westen ass. D'Héicht ass an der Moyenne 260 m (ING Belsch). Et gëtt weider keng natierlech Koppen awer den Terril vun der Kuelegrouw Le Hasard ass eng kilometerwäit siichtbar Landmaark. Dës Boss bedeckt eng Fläch vu ronn 15 ha, ass zimmlech kreesfërmeg a ronn 40 m héich. Si läit op der Gewan vun der Uertschaft Retinne.
De Plateau ass och eng Waasserscheed tëscht dem Haaptdall vun der Meuse an de Quelle vun de Baachen déi an hiren Niewefloss d'Weser lafen. Déi bekanntst vun deen Baachen ass d'Magne déi vu Battice op Prayon leeft an e schmuelen Dall ausgewäsch huet an domat d'Griecht vum Bay-Bonnet forméiert."An dëser Gricht fënnt e vill Planzen déi u fiicht Kallekbiedem gebonn sinn an hei e grousse biologesche Wäert duerstellen.